Skip to main content
Vers la médiathèque 10.11.2012

RTL : 10 Joer Rahna ASBL: 31 Hënn u behënnert Leit vermëttelt

Virun zéng Joer gouf d’Rahna ASBL an d’Liewe geruff, déi speziell forméiert Hënn u behënnert Persoune vermëttelt.

Bis haut huet d’Associatioun fir net manner wéi 31 Muppen de Parrainage iwwerholl. Um Samschdeg feiert d’Rahna ASBL hiren 10. Anniversaire am Attert-Lycée zu Réiden dëst a Präsenz vun hirer „Ambassadrice du Coeur“, der Ministesch Françoise Hetto-Gaasch. An dem Kader gi weider 7 Hënn offiziell hiren neie Meeschter iwwerginn.

Bis virun 10 Joer goufen et sou Assistenzhënn an där Form nach net hei zu Lëtzebuerg. Ausgebilt ginn d’Muppen a Frankräich bei Handi’Chiens, wou se net manner wéi 54 Kommandoe bäibruecht kréien. D’Ausbildung dauert zwee Joer. Duerno kréien se nach während 6 Méint eng méi spezifesch Formatioun, wou d’Hënn léieren nieft engem Rollstull ze goen, Dieren op an zou ze maachen oder Luten aus an un.

Dat alles ass mat engem grousse finanziellen Opwand verbonnen. D’ASBL finanzéiert sech integral iwwer Donen an ass dowéinst permanent op Spenden ugewisen, betount Tessy Wies. Déi betraffe Persoun kritt den Hond gratis zur Verfügung gestallt a bleift am Besëtz vun Handi’Chiens, déi de Mupp och ausbilden.