Contern. Viru Kuerzem war bei de Conter Pompjeeën eng Scheckiwwereechung, bei där sechs Associatiounen en Don kruten. De Moutforter Haff, de Grupp Zoe vum Kroentgeshaff, Ayudame, Rhana, d’Fondatioun Kriibskrank Kanner a Catch a Smile konnte sech iwwer jeweils 1 000 Euro freeën an hunn de Pompjeeën e grousse Merci ausgeschwat.
Luxemburger Wort vom Freitag, 2. November 2018, Seite 59