02/08/2025
amschdegmëttes bei net esou gudde Summerlechen Temperaturen huet sech Cité Jardinière lues awer sécher mat Gäscht vun no a wäit gefeelt fir mateneen bei flotter Musek ze feieren, gouf gedanzt, gesongen a gelaacht. Um Grill an um Gedrénksstand war och vill Beweegung
Sonndes bei summerleche Wieder hunn sech vill Gäscht hei versammelt fir zesummen ze feieren. Den Doft vu frësch gegrilltem Iessen huet d’Loft gefëllt an Stëmmen hunn sech vermëscht mat de Kläng vun der stëmmungsvoller Musek, an Sonn huet zu enger entspaanter Atmosphär bäigedroen. Familljen, Frënn a Veräinsmemberen hunn d’Geleeënheet genotzt, fir dat flott Summerfest an der léif gepfleegten Cité Jardinière z’entdecken. Nei Bekanntschafte gi geknëppt, al Frëndschafte gi gestäerkt, an d’Leit laachen, erziele Geschichten a feieren zesummen. Flott Musek fëllt Cité Jardinière, an Fest gëtt zu enger Plaz vun der Liewensfreed. Wéi all Joer war nieft der traditionellen Tombola eng speziell Tombola, wou vill attraktiv Präisser ze gewanne goufen. D’Tombola war bei Jonk an Al beléift. E wichtegen a beweeten Moment vum Summerfest war d’Iwwerreechung vun engem Scheck vum Gaart an Heem Nidderkuer a.s.b.l. un d’Rahna Associatioun. De President vum Organisatiounscomité den Här Lorgé Jean huet de Gäscht a kuerze Wierder d’Iddie an de Sënn vun dëser Spend erkläert. Eng Zomm vun 2.500 € wat op eisen Veranstaltungen gesammelt ginn ass, gouf offiziell iwwerreecht fir d’Ausbildung vun Hënn z’ënnerstëtzen, déi Leit mat Behënnerungen an hirem Alldag begleeden an ënnerstëtzen. Presidentin Madamme Biltgen Andrée vun der Rahna Associatioun huet hire ganzen häerzleche Merci fir déi wäertvoll Ënnerstëtzung ausgedréckt a betount, wéi wichteg sou Initiative fir d’Integratioun an d’Liewensqualitéit vun de Betraffenen sinn. Summerfest vum Gaart an Heem Nidderkuer 2025 war e vollen Erfolleg. Déi grouss Zuel vun de Visiteuren, dat schéint Wieder an de gelongene Mix aus Ënnerhalung a sozialem Engagement hunn d’Evenement zu enger spezieller Erfarung fir all Bedeelegt gemaach. De Veräi freet sech schonn op dat nächst Summerfest well de Genoss an d’Freed vum Summerfest verbannen sech zu engem onvergiesslechen Event, deen d’Gäscht Joer fir Joer zesummebréngt.
E grousse Merci un all Frënn, Sponsoren a Gäscht fir hir Präsenz an Ënnerstëtzung.