02/08/2025
Samschdegmëttes bei net esou gudde Summerlechen Temperaturen huet sech Cité Jardinière lues awer sécher mat Gäscht vun no a wäit gefeelt fir mateneen bei flotter Musek ze feieren, gouf gedanzt, gesongen a gelaacht. Um Grill an um Gedrénksstand war och vill Beweegung
Sonndes bei summerleche Wieder hunn sech vill Gäscht hei versammelt fir zesummen ze feieren. Den Doft vu frësch gegrilltem Iessen huet d’Loft gefëllt an Stëmmen hunn sech vermëscht mat de Kläng vun der stëmmungsvoller Musek, an Sonn huet zu enger entspaanter Atmosphär bäigedroen. Familljen, Frënn a Veräinsmemberen hunn d’Geleeënheet genotzt, fir dat flott Summerfest an der léif gepfleegten Cité Jardinière z’entdecken. Nei Bekanntschafte gi geknëppt, al Frëndschafte gi gestäerkt, an d’Leit laachen, erziele Geschichten a feieren zesummen.